Logo CdJK

Den 15. Februar 1972 gouf de Grondsteen vum Club des Jeunes Koler geluet. Säit dësem Zäitpunkt huet de Club des Jeunes vill Héichpunkten an och puer Déifpunkten erlieft mee trotzdem huet den Club des Jeunes et ëmmer fäerdeg bruecht seng Memberen ze ënnerhalen, wat sech domat beweisen léist dass am Duerchschnëtt ëmmer 25 Memberen am Club aktiv waren.

Den Club des Jeunes huet als Haaptzil, d'Jugend beieneen ze bréngen wou den Spaass am Mëttelpunkt steet. Den Club des Jeunes Koler organiséiert all Joer eng Réi Fester wou als Highlight sécherlech dat traditionellt Béier-, an Duerffest zielt. Dës Fester hunn och als Ziel den Leit aus dem Duerf an aus den Nopeschdierfer eng Réi Geleeënheeten ze bidden, beieneen ze kommen an e puer schéin Stonnen mateneen ze verbréngen.

 

Aktuellen Comité:

Präsident: /

Sekretär: Ben Fetler

Keesier: Tatiana Ridolfi

Bäisëtzender: Martine Fischer, Yolande Gaasch, Bob Jemming, Pol Jemming, Rick Kayl, Michel Klomp, Muriel Kugener