D'Buergbrennen

Den éischten Sonndeg vun der Faaschtenzäit, och Buergsonndeg genannt, gëtt a villen Dierfer uechter d'Land op de Koppen d'Buerg gebrannt. Dëse Brauch besteet scho ganz laang, a säin geneeën Ursprong ass net fest definéiert. Villäicht staamt e vun den Heeden hir, déi d'Sonnenwend gefeiert hunn, oder vun de Reimer, déi domatt hire Gott Mars geéiert hunn. Op jiddwer Fall huet en eppes mam Enn vum Wanter an domat mam Ufank vum Fréijoer ze dinn. Obschonns dës Feier am chrëschtleche Glawe an der Faaschtenzäit net gär gesi war, konnt dës Traditioun bis haut bestoen. Si huet sech awer net iwwerall d'selwecht entwéckelt: Plazeweis gëtt e Koup Stréi opgetesselt, e Poul mat Stréi emwéckelt oder e Kräiz opgeriicht, dat da verbrannt gëtt. Fest steet, datt et ëmmer e Fest vun der Jugend war. D'Jongen waren fir d'Sammelen vum Brennmaterial do, d'Meedercher fir d'leiflecht Wuel. Dat Ganzt war deemools mam Hannergedanken vum Verkoppelen verbonnen, wat sech jo och doranner weist, datt op verschidde Platzen déi Jonk owes ronderëm d'Feier gedanzt sinn, vir sech besser kennenzeléiren.

 

Buergbrennen   Buergbrennen

 


Elo zur Buerg, déi de Koler Club des Jeunes all Joer um Garnecherbierg brennt. D'Buergbrennen ass eng vun den eelsten Aktivitéiten vum Club. Mär hunn de Brauch 1979 vun Luddes Jeis (Guth Joseph) iwwerholl, dee bis dohin zesumme mat de Jonken a Kanner aus dem Duerf d'Buerg vis-à-vis vun der Gare gebrannt huet.


Fir d'éischt hu mär d'Plaatz vum Buergbrennen vun der Gare op de Garnecherbierg verluecht, well do méi Plaatz ass an d'Feier vum Duerf aus och besser ze gesinn ass.


Schon eng Woch virum Buergbrennen gëtt d'Kräiz um Buedem aus engem Telefonsstäil oder Tennestamm zesummengezammert an dann mat Feschen an Stréi entwéckelt. Buergsamschdeg geet et dann awer moies richteg lass. Puer Leit gruewen d'Lach fir de Poul vum Kräiz an de Rescht geet Brennes sammelen. Duerno muss dat fäerdegt Kräiz opgeriicht ginn, eng Saach, déi eis ëmmer erëm op en Neits erausfuerdert a wou schon déi drolechst a kriminellst Saachen geschitt sinn. Mol haten mär een Trakter mat Frontlader, en Unhänger fir ze tippen, e Bagger, Seeler, en Tirefort, etc etc, esouguer d'Pompjeesleeder vu Péiteng haten mär eng Kéier geléint, well d'Kräiz esou héich war, datt mär mat kenger Maschinn méi dru koumen. Duerno gëtt mam gesammelten Brennes en zolitte Sockel ronderëm d'Kräiz gemeet an dat Ganzt mat Stréi zougedeckt. Wann dann d'Buerg am spéiden Nomëtteg fäerdeg do steet, gëtt sech dann nach eng Kéier gewiermt. Dat ass och batter néideg, well d'Wieder dacks net zou eis hält. Reen a Schnei, Keelt a Bulli hunn eis schon oft d'Liewen uewen um Garnecherbierg zur Hell gemeet an schon méi ewéi eng Kéier d'Fro opgeworf, ob sech déi ganz Ustrengung iwwerhaapt giff rentéieren. Mee owes ass alles vergiess an mär si frou, wann d'Leit eis Buerg da kucke kommen, an e puer schei Stonnen bei eis um Bierg verbréngen. Um 20 Auer fänkt dann, dem Brauch no, déi Koppel, déi als nächst bestuet gëtt, d'Feier un, a mär zerwéieren Glühwäin an anert Gedrénks, broden Wirschtecher, Koteletten a Mettwurschten, fir datt kee mat eidelem Moo do stoe muss.

 

 

 

D'Buergbrennen, eng Traditioun déi d'Jugend an d'Duerfleit verbënnt, eng Traditioun déi zum kulturellen Liewe vum Duerf bäidréit, an dat och sécher nach an Zukunft.

Bleift eis hei nach den Duerfleit an virun allem de Baueren e ganz grousse Merci ze soen, well ouni hir Hëllef, sief et duerch Stellen vu Brennes oder Aarbechtsgeschir, wier et eis net méiglech d'Buergbrennen duerchzezéien.