Eech zu Koler

Déi bemierkenswäert Eech zu Koler ass eng Summereech (Quercus robur; chêne pédonculé; Stieleiche) déi am Ierwebësch am Oste vun der Uertschaft steet.Koler Eech

D'Eech ass bemierkenswäert wéinst hirem aussergewéinleche Stamm, dee sech an enger Héicht vun 1,50 m a véier Niewestämm opdeelt, déi bis 35 m erop gewuess sinn. D'Kroun vum Bam ass wéineg an d'Breet entwéckelt, wat drop zréckzeféieren ass, datt d'Eech an engem dichte Bestand gewuess ass.

Dës Eech, där hiren Alter op ronn 300 Joer geschat gëtt, gouf 1981 fir d'éischt als bemierkenswäerte Bam gefouert.

Den Ëmfank vum Stamm, op Broschthéicht gemooss, huet folgendermoossen zougeholl:

  • 1980: 4,80 m, bei enger Gréisst vun 33m
  • Ëm 2000: 5,08 m, bei enger Gréisst vun 35 m.

Domadder ass dëse Bam déi 7. décksten Eech zu Lëtzebuerg.

Wou de Bam steet

De Bam fënnt ee wann een zu Koler d'Stroos op Garnech erop fiert. Nom Ausgank vu Koler hëllt een, ongeféier op halwer Héicht vum Hank, deen drëtte goudronnéierte Feldwee op der lénker Säit. Do wou de Macadame ophält geet et zu Fouss weider, laanscht de Bëschrand, bis de Wee an de Bësch era féiert. De Wee dréint do no riets a gëtt dann zu engem schmuele Pad dee queesch duerch de Bësch féiert. No circa 100 m am Bësch fält dann op der lénker Säit, circa 20 m vum Pad ewech, déi gesichten Eech duerch hire mächtegen, a véier gedeelte Stamm op. Ronn 50 m hanner der Eech féiert de Pad op eng Wiss, déi op béide Säite vum Bësch encadréiert ass.

Geographesch Koordinaten: 49° 37' 45.78'' N 05° 56' 29.46'' O

(Source: www.wikipedia.lu)

Scroll to top