D’Eisebunn zu Koler

Christian Giersch, Steve Jemming

Nieft deenen 5 groussen Eisenbunnslinnen déi schon hei am Land bestongen, ass en zweet Schinnennetz entstaanen, „d'Attertlinn". Den 1. August 1873 ass den eischten Deel teschent Péiteng a Stengefort a Betrieb geholl gin.

Koler Eisebunn

Un der Attertlinn teschent Kënzeg an Hoen läit d'Koler Gare. Vun1873 un sinn du regelméisseg Zich duerch Koler gefuer. Bei der feierlecher Aweiung 1879 ass déi 52,2 km laang Eisebunnsstreck teschent Péiteng iwert Näerden op Ettelbreck hirer Bestemmung iwerlooss ginn. Des nei Streck déi der Prënz Heinrich Gesellschaft gehéiert huet, sollt deemols eng wichteg Roll bei der Erschléissung vun der deemoliger opbléiender Eisenindustrie, speziell der Stengeforter Schmelz spillen.

Den 1. Oktober 1897 ass hei zu Koler eng Haltestell dabäi komm. Eng Gare mat Guichet a Personal, daat d'Barriere an d'Gare bedengt huet, goufen geschaafen.
Am 2.Weltkrich huet d'Naziherrschaft d'Kapital vum Eisebunnsnetz vun der Prenz Heinrich Gesellschaft beschlagnahmt, an ennerstung du dem Kommando vun der Reichsbahn.

Nom Krich, 1947, ass du eng nei Eisenbunnsgesellschaft, d'CFL gegrënnt ginn. An de Joeren duerno ass duerch d'Motoriséierung op eise Stroossen d'Attertlinn emmer manner attraktiv gin, waat duerzou gefouert huet, de Persouneverkéier anzestellen. Doduerch ass den 23. September 1967 de leschten Persounenzuch op deser Linn gefuer. Keen „Uerdinger", „De Dietrich" oder „Westwaggon" ass mei op der Attertlinn gesi ginn.

 

Koler Eisebunn

Den "De Dietrich" an der Koler Gare (ca.1960)

Duerno ass nemmen nach Gidderverkéier iwert d'Schinnen gelaaf, bis am Abrëll 1969 entgülteg d'Enn komm ass. Am selweschten Joër sinn du nach d'Schinnen teschent Kenzeg an Koler eweg geholl ginn, an d'Koler Gare ass versteet an zu engem Familienhaus emfonktionéiert ginn.

Haut geet d'Velospist zum Deel iwert déi féeier Attertlinn.

Koler Eisebunn   Koler Eisebunn

 

 

Scroll to top