D'Koler Kirch

Vum Grondstëen am Joer 1886 bis haut

An de Geschichtsbicher gett eng Kirch zu Koler schons 1317 ernimmt. Op et eng Kirch war oder nemmen eng Kapell, a wou déi stung, ass nitt matt Secherheet gewosst. Fest steet, dass se ofhängeg war vun der Garnecher Por, an zwar bis an d'Joër 1843. Datt et an deene Joërhonnerten dachs Meenungsverschiddenheeten zweschen den Awunner vun Koler an den eenzelnen Paschtéier vun Garnech gouf, soll hei nemmen ernimmt gin.


1840 sin d'Poren vun Lëtzebuerg nei organiséiert gin, an d'Awunner vun Koler hun des Geleegenheet genotzt, fir dei laang gewenschten Oftrennung vu Garnech durchzesetzen. De 24. Mee 1843 gouf Koler vum Bëschof Johan Theodor Laurent zu enger selbstännecher Por ernannt. Der neier Koler Por goufen de Peiffeschhaff a Grass zougedeelt, déi bis dunn zur Por Hoën gehéiert hun.

D'Kirch am Joër 1887

Am Joër 1886 gouf mam Bau vun enger neier Koler Kirch ugefang. Sie ass vum Architekt Hartmann am neo-gotische Stil geplangt a gebaut gin. Den 15. März 1887 huet den Bëschof vun Lëtzebuerg, Mgr Johannes Joseph Koppes, d'Kirch ageweiht. Zu deem Zäitpunkt gouf d'Por Koler och staatlech unerkannt. Den eischten beluechten Porjubileum war den 9. Abrëll 1907.

D'Kirch huet als éischten Patréiner den Hellege Stephanus an als zweeten den Hellege Celsus. Niewt desen zwee Hellegen gehéieren d'Pietà an eng Statu vun der Helleger Margarete zum Dekor. D'Pietà an d'Statu si vum Enn 17., Ufank 18. Joërhonnert. Se staamen aus der fréierer Koler Kirch, déi 1738 och schon dem Hellege Stephanus geweit gin war, an do gestanen huet, wou haut d'Haus Klomp-Dammé steet.

D'Aweiung vun der Kirch duerch den Mgr Joseph Philippe no der Renovatioun am Joër 1947

1947 gouf matt véier Joër Verspéidung daat éischt Joërhonnert Koler Por gefeiert. Fir des Feier ass d'Kirch, ennert der Leedung vum Abbe Nicolas Theis, ganz renovéiert gin. Enner anerëm sin d'Wänn hannert dem Altor vum Konschtmoler O.Gasché aus Bech nei bemoolt gin. Den Héichpunkt vun de Festivitéiten war dem Här Bëschof, Mgr Joseph Philippe sei Besuch.

An der éischter Halschent vun de siewenziger Joeren, ënnert dem Paschtouer Adolphe Ernzer, ass d'Kirch ërem zum Deel renovéiert, an de Banneraum der moderner Zäit ugepasst gin. Bei deser Moderniséirung, ennert der Leedung vum Architekt Jean Lammar, huet d'Kirch een neien Altor an e relativ nichteren Ustrach kritt. D'Schirmwand hannert dem Altor ass vum Kenschtler Ben Heyart entworf an ausgefouert gin. Am September 1976 huet de Beschof Mgr Jean Hengen den neien Altor ageweit, an bei deser Geleegenheet, zwielef Kanner vun Koler, Grass an Klengbetten, d'hellecht Sakrament vun der Firmung gin.

Wéi 1983 de Wiéderhunn vum Kirchturm, bei engem Sturm zerstéiert gouf, huet den Här Edouard Dondlinger, Virarbechter bei der Gemeng Garnech, een neie gemaach. Éier desen op de Kirchturm gesaat gouf, ass hien den Awunner vun Koler bei engem Emzuch gewisen gin. Desen Emzuch ass eng Traditioun, a gouf fréier vun desem Sproch begleet:


Elei komme mir mam Kirchenhunn,
E weist iech Wand a Wieder un.
Sei Papp dat war e Räer (Reiher),
Duerfir fresst e Speck an Äer.
E scheckt eis em mat desem Kuerf,
Fir hien ze siemelen am Duerf.


Gesammelt gouf och 1983, allerdings kee Speck an Äer, mee Suen. Den Erléis ass dem Pater Léon Kirsch, Aumônier vun de Jongbaueren & Jongwënzer, fir hiren Entwecklungsprojet am Zaïre iwerrecht gin.


100 Joër Porkirch zu Koler sin den 7. Dezember 1986 gefeiert gin. Den Erzbëschof, Mgr Jean Hengen huet zesumme mam Paschtouer Georges Richard, an enger Rei aner Geeschtlecher, eng feierlech Mass zelebréiert. Bei deser Feier gouf och daat Kräiz, daat iwert dem Altor hängt, geseent. Dest Kräiz ass eng spuenesch Skulptur aus dem 17. - 18. Joërhonnert, a stellt mat der Pietà an der Statu vun der Hëlleger Margarete eng skulpturell Eenheet duer.

D'Kirch no der Renovatioun vun 1975 an wéi se haut nach ass.


Aus deene leschten 10 Joër sin nach e puer Verännerungen an der Geschicht vun der Koler Kirch ze ernimmen. Als éischt huet Koler 1988, mam Pater Jean-Jacques Flammang, een neien Paschtouer kritt. Hien ass zoustänneg fir d'Poren Koler-Grass an Hoën-Klengbetten.

Op Stiefesdaag 1991 ass déi nei elektronech Uergel offiziell ageweiht gin. Sie ersetzt den aalen Harmonium, deen während 40 Joër säin Dengscht geleescht huet.


Een Ereegnes war et och, wei den 30. Januar 1994 d'Mass vun Koler um Radio iwerdroe gouf.


Dese klenge geschichtleche Reckbleck soll bei deenen Eeleren d'Erennerungen opfreschen, an déi Jonk informéieren. A villäicht schenkt deen een oder aneren bei sengem nächsten Besuch an der Kirch, der Architektur an deenen eenzelnen Konschtwierker eng gréisser Opmierksamkeet.


Oofschléissen well ech desen Artikel mat enger Foto vun eiser Kirch, gemaach vum Här Klomp aus sengem Loftballon, aus enger Siicht, aus där déi wéinegst Leit se bis elo je gesinn hun.

Rosa Matarrese

 

(Source: CdjKoler Brochure vir den 25. Gebuetsdaag)

Scroll to top