02.2012 - Koler Movies Lëtzebuerg am Tageblatt

E Mëttwoch 25. Januar, gouf an der Cinémathèque zu Lëtzebuerg de Créajeune ofgehalen. Dëst ass e Festival vu jonk Leit (bis 2011 just Kanner) hier eege Videoproduktiounen aus de Länner Belge, Frankräich, Däitschland a Lëtzebuerg kenne presentéieren. 2012 ass fir d'éischt och eng Kategorie Jeunes bäigesat ginn, déi sech u Jugendlecher zwëschen 20-30 Joer wennt.

De Marc Barnig huet mam Status>Ego de Praiss vum Beschte Spillfilm gewonnen. Soumat ass dëst den éischte Praiss fir de Film, op deen ee ka stolz sinn, well sech de Film an eiser Groussregioun huet missen duerchsetzen. Den 30. Januar gouf de Film zesumme mam Mr.Knitty (deen och am Programm gelaf ass) am Kino Achteinhalb zu Saarbrecken gewisen.

(Source: KML)

(Klickt op d'Bild fir den Artikel ze liesen.)

Scroll to top