Koler goes Wien

 

Am Summer 2007 huet de Marco Battistella jr. schwéiren Häerzens „séngem“ Dierfche Koler de Réck gedréint fir op Wien studéieren ze goen. Nach haut studéiert hien do, huet allerdéngs och eng Firma opgebaut déi entretemps e grousst Gewiicht ennert aanerem an der Lëtzebuerger Musékswelt kritt huet. Als Hobbytechniker huet et him emmer scho gudd gefall, mat Mikro’en an aner Studio-Gerätschaften ze hantéieren. Niewt dem Muséksstudium huet hien dunn och en Tounmeeschterstudium ugefaang, wou hien zur Zäit amgaang ass, säi Bachelor firzebereeden. Mir erenneren äis, datt hien schon 2004 Filmmusek fir dem Marc Barnig säin „Black King’s Way“ komponéiert, gespillt an opgeholl hat. Hien huet och haut, 2011 de KML a Koler net vergiess.

Kierzlech huet säin Tounstudio zu Wien e grousse Saz gemaach an d’Opträg häufe sech dagdeeglech. De 19.5.2011 hëllt hien zB. Den Ensemble „PhiliTango“ vun de Wiener Philharmoniker op – et ass dëst en absolutt sielenë Privileg fir en klengt Unternehmen. Well et dem Marco awer wichteg ass, séng al Partner net ze vergiessen, huet hien elo décidéiert seng Betribs-Philosophie emzekrempelen a vill méi mat verschidde Partner an der Toun- a Filmwelt zesummen ze schaffen. Sou zum Beispill och mam KML. Mee och an der Schwäiz, Däitschland, Frankräich a Kalifornien sinn d’SoundFieldStudios mat Partner aktiv. Trotz grousser Optragslag kënnt de Marco gelegentlech och erem op Lëtzebuerg ophuelen; sou zB. sinn a séngem Studio d’Produktiounen fir d’Lëtzebuerger David Ianni, Yannchen & Carlo Hartmann-Hoffmann an Romain Nosbaum entstanen. Och fir d’HGM (Harmonie Gemeng Mamer) schafft de Marco regelméisseg. Hien bedauert allerdéngs, datt et him net méi méiglech ass oft op Koler zeréckzekommen; sou ass hien am Duerchschnett nemmen eemol d’Joër am Land. Hien hofft allerdéngs, datt en dëst Joër beim Koler Béier- Duerffest dobäi ka sinn; sou flott Fester gett et nämlech zu Wien definitiv net.

Wann Dir séng Firma wëllt en ligne besichen wëllt, sou kennt Dir daat maachen enner:
www.soundfieldstudios.com

Hien freet sech ausserdem emmer op Besuch an Neiegkeete vu Koler.