Vinaora Nivo SliderVinaora Nivo SliderVinaora Nivo SliderVinaora Nivo Slider

First Responder

Neiegkeeten

Events Kalenner

 

Wëllkomm bei de Koler Pompjeeën

 

Wann där wëllt Kontakt mat eis ophuelen:  pompjeeen{at}koler-leit.lu

 

Zenter 1914 huet Koler e Pompjeescorps am Duerf. Ausléiser fir d’Grënnung wor wahrscheinlech wéi och bei de Noperën e Groussbrand, mee méi Geneeës geet aus eisem Archiv net erfir. Éischte Kommandant vu Koler wor een bei eis am Duerf stationnéierten däitschen „Grenzaufseher“, deen emol fir d’éischt der jonker Trupp déi néideg Disziplin bäibruecht huet. Während all de Joerën stung de Corps ëmmer erëm bei groussen a klengen Asätz säi Mann, an huet esou säi Wee bis an daat neit Joerdausend fond.

An all de Joerën haat de Koler Corps ëmmer ëm déi 25 Mann (zenter 1999 och Fraën) a senge Reihen, waat ëmmerhin méi wéi 10% vun der Zuel vun den Awunner ausmecht. Formatioun an Übungen sin an den heidegën Zäiten ën néidegen an zäitopwendegën Muss, wou awer bei eis probéiert gett den gëllenen Mettelwee teschend Theorie a Praxis ze fannen, fir esou de Geforen deenen een begéinen kann gewues ze sin. Bei eisen Übungen, déi an der Regel Sonndesmoies (9h30) ofgehaale gin, versiche mär eis ëmmer um neitste Stand ze haalen.

Bis 2015 haat d’Gemeng Garnech mat de „Garnecher Pompjeeën“ nach en zweeten Pompjeecorps. Am Januar 2015 hun eis Garnecher Kollegen awer hier Opléisung bekannt gemeet, esou daat elo d’Koler Pompjeeën eleng de Rettungsdengscht fir d’Gemeng leeschten. Op régionaler Basis schaffen mär haaptsächlech mam Corps vu Stengefort zesummen, wou mär och ëmmer frou sin, bei groussen Asätz op hir Hëllef zielen ze kennen.

2013 haate mär op eiser Gemeng gefrot, fir datt eise Pompjeesbau, deen zenter 1957 keng nennenswärt Renovatioun krut, ging der Zäit ugepasst gin, an dowéinst hun mir en deelweisen Neibau proposéiert. Dese Wee wor eis Gemeng awer net gewollt ze goen, mee si huet hierersäits e Neibau ze Garnech proposéiert, dann awer fir déi Koler a Garnecher Pompjeeën zesummen, wouzou et awer leider net komme sollt.

A Punkto Material hu mär een 1987 vun der Gemeng nei ugeschaaften Ford Transit TSF mat enger neier Ziegler TS 16/8, souwéi eise KDoW, e moderne "Pick-Up" vum Typ Ford Ranger, en als Occasioun vun der Gemeng Kielen kaaftenen MTW, an, als Haaptastzgefier en LF11. Desweiderën hu mär 2 gutt geluedenen Unhänger déi eis och vill Dingschter leeschten. Een dovunner, eisen SA1000 as mat 1000m B-Schlauch gelueden. 

Am Juli 2012 sin mär als lescht Gemeng vum Kanton Capellen un d'Grënnung vun enger Jugendsektioun erun gaangen. Eis Jugend fonktionnéiert ënner dem Numm "Jugendpompjeeën Gemeng Garnech".

Zanter datt Enn 2015 d'Pompjeeën vu Garnech hier Opléisung bekannt gemeet hun, sin d'Koler Pompjeeën eleng an der Gemeng fir de Rettungsdingscht responsabel.

Enn 2016 wor d’Färdegstellung vum neien Pompjeesbau ze Garnech virgesin, wou mär dann och den 19.11.2016 eran geplënnert sin. Den 24.05.2017 as d'Aweihung a Präsenz vum Här Minister Dan Kersch vergesin.

Mär si frou Ärch hei op eisem Site kennen ze begréissen, a wëllen Ärch hei e klengen Ableck an eise Corps gin. Eis Memberën fannen och hei déi néideg Ënnerlagen iwer all Informatiounen an Théorie, déi fir eise Corps wichteg sin

 

Joomla Template by Joomla51.com